
D’Berlinale zielt nieft Cannes a Venedeg zu de wichtegste Filmfestivaller vun der Welt.
De Realisateur vum Film iwwert d’Doudesstrof Mohammad Rasoulof konnt selwer net derbäi sinn, well hien net huet dierfen aus dem Iran reesen. Hie war d’lescht Joer zu engem Prisong wéinst engem “Ugrëff op d’Sécherheet vu sengem Land” verurteelt ginn, huet seng Strof awer net missen untrieden.