Luxembourg Encouragement for Artists PrizeGewënnerin vun Editioun 2020 stellt an der RTL City aus

RTL Lëtzebuerg
12.500 Euro, eng Expo an der RTL City an ee Wierk an de Rotonden, dat war de Präis fir d'Gewënnerin vun der LEAP-Editioun 2020 Hisae Ikenaga.
Luxembourg Encouragement for Artists Price
12.500 Euro, eng Expo an der RTL City an ee Wierk an de Rotonden, dat war de Präis fir d’Gewënnerin vun der LEAP-Editioun 2020 Hisae Ikenaga.

2016 gouf de LEAP lancéiert, de Luxembourg Encouragement for Artists Prize. All zwee Joer soll e Kënschtler oder eng Kënschtlerin priméiert ginn, déi e Projet erareecht an an engem Lien zu Lëtzebuerg steet. Déi drëtt Editioun 2020, bei där RTL Partner ass, war duerch d’Corona-Kris just virun der Finall ofgebrach ginn. Eréischt am Hierscht krut d’Gewënnerin Hisae Ikenaga hire Präis iwwerreecht. Elo si Wierker vun hir an der RTL City ze gesinn.

26/04/2022 LEAP PräIs an der RTL-City

Aus enger Rëtsch Portfolioe ware fënnef Artisten erausgesicht ginn, deenen hir Wierker am Hierscht 2020 an de Rotonde gewise goufen. Do huet sech den international besate Jury fir d’Konscht vun der japanesch-mexikanescher Kënschtlerin Hisae Ikenaga decidéiert, déi zënter enger Rei Joren zu Lëtzebuerg schafft.

Nieft engem Geldpräis vun 12.500 Euro krut si och eng Ausstellung an der RTL City. Zënter e Méindeg sinn e puer vun hire Wierker do ze gesinn. Opfälleg ass, datt si virun allem mat ale Miwwele schafft, déi se dono op eng aner Manéier zesummesetzt an hinnen domadder och eng nei Bedeitung gëtt.

D’Motivatioun an och den Optrag vun RTL ass et, d’Kultur z’ënnerstëtzen, iwwer de Wee vu Kultur-Emissiounen a Reportagen, awer och iwwer Partenariater. Do soll et awer net bei engem reng finanzielle Support bleiwen, sou de CEO vun RTL Lëtzebuerg, de Christophe Goossens.

Nieft de Wierker an der RTL City kann een den Ament och an de Rotonden e Wierk vum Hisae Ikenaga gesinn. Eng Installatioun, déi un archeologesch Fouillen erënnert, mä wou ee ganz eegewëlleg kreéiert Objeten entdeckt. De Kontakt mat de Rotonde koum och iwwer de LEAP-Präis, wéi de Marc Scozzai preziséiert.

Mat dem Vernissage an der RTL City ass awer och déi 4. Editioun vum LEAP-Präis lancéiert ginn. Opgeruff sinn nees Kënschtler, fir hiren Dossier eranzereechen, sou den Alex Reding. Ugesprach sinn all Kënschtler, déi an engem Lien zu Lëtzebuerg stinn, et gi keng Altersbeschränkungen.

An d’Finall mat Expo an de Rotonden ass dann am November.

PDF: Appel à candidatures

Back to Top
CIM LOGO