Oscars 2019"Green Book" beschte Film, Malek a Colman bescht Schauspiller

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Méindeg goufen d'Oscars 2019 iwwerreecht. De Rami Malek an d'Olivia Colman goufen als bescht Schauspiller geéiert.
Oscars 2019: Den Iwwerbléck
An der Nuecht op e Méindeg goufen d'Oscars 2019 iwwerreecht. De Rami Malek an d'Olivia Colman goufen als bescht Schauspiller geéiert.

Green Book heescht de beschte Film vum Joer. Et geet an dëser Komedie ëm d'Relatioun tëscht engem afroamerikanesche Pianist a sengem wäisse Chauffeur, dat an Zäite vu Rassentrennung an de Südstaate vun den USA. Green Book huet sech ënnert anerem géint Bohemian Rapsody a Roma duerchgesat.

The Oscar goes to... Green Book

Rami Malek bei den Hären an Olivia Colman bei den Dammen, sou heeschen d'Oscar-Gewënner dëst Joer an der Kategorie Bescht Schauspiller. D'Olivia Coleman gouf fir hir Roll als englesch Kinnigin Anne am Film "The Favourite" ausgezeechent. De Film war am ganze fir 10 Oscaren nominéiert.

De Rami Malek krut déi gëlle Statu fir seng Prestatioun als Freddie Mercury am Film Bohemian Rapsody.

De Rami Malek

Fir déi bescht männlech Nieweroll krut den amerikanesche Schauspiller Mahershala Ali den Oscar fir seng Roll am Film "Green Book".

An der Kategorie bescht weiblech Nieweroll gouf d'Afroamerikanerin Regina King fir hiren Optrëtt am Film "If Beale Street Could Talk" mam Oscar geéiert.

Fir de beschte Song krut d'Lady Gaga den Oscar fir den Titel "Shallow" aus dem Film "A Star is Born".

D'Lady Gaga war ganz emotionell

Direkt zwee Oscaren goungen un de Mexikaner Alfonso Cuarón. Hien huet mat sengem Film "Roma" den Oscar fir bescht Regie gewonnen souwéi fir de beschten auslännesche Film. Am ganze war den Alfonso Cuarón 10 mol nominéiert.

Immens gefreet hat sech och de Spike Lee, deen ausgezeechent gouf fir "BlacKkKlansman", als bescht adaptéiert Dréibuch. En ass dem Samuel Jackson op der Bühn an d'Äerm gesprongen.

Déi wichtegst Gewënner an der Iwwersiicht

"Green Book" took home the best picture Oscar, while Alfonso Cuaron's "Roma" won for best director, best foreign film and best cinematography.

Top acting honors were shared among four different films.

Best picture: "Green Book"

Best director: Alfonso Cuaron, "Roma"

Best actor: Rami Malek, "Bohemian Rhapsody"

Best actress: Olivia Colman, "The Favourite"

Best supporting actor: Mahershala Ali, "Green Book"

Best supporting actress: Regina King, "If Beale Street Could Talk"

Best foreign language film: "Roma" (Mexico)

Best cinematography: Alfonso Cuaron, "Roma"

Best animated feature: "Spider-Man: Into the Spider-Verse"

Best documentary feature: "Free Solo"

Best original screenplay: "Green Book" - Nick Vallelonga, Brian Currie and Peter Farrelly

Best adapted screenplay: "BlacKkKlansman" - Spike Lee, Charlie Wachtel, David Rabinowitz and Kevin Willmott

Best original score: "Black Panther" - Ludwig Goransson

Best original song: "Shallow" from "A Star Is Born," Lady Gaga,

Am Virfeld

"And the Oscar goes to ..." bei deem Saz hale se am Kodak Theater zu L.A. kuerz d'Loft un. Et ass dee wichtegste Präis an der Filmbranche.

Mä wéi kann e Film iwwerhaapt fir d'Oscars nominéiert ginn?

An de Reegele steet, dass de Film minimum 40 Minutte laang muss sinn an, dat ass ganz wichteg, op d'mannst eng Woch an engem Kino am Ëmkrees vu Los Angeles muss gelaf sinn. Dat gëllt och fir auslännesch Filmer. Ausserdeem dierf de Film net virdrun op der Tëlee gewise ginn oder als "Video on Demand" disponibel gewiescht sinn.

Dat ass e Problem zum Beispill fir Netflix-Filmer. Ma Netflix weess sech unzepassen an huet hire Film Roma fir eng ganz kuerz Period a Kinoen bruet, éier se en op Netflix fräigeschalt hunn. Domadder konnt Roma mat an d'Renne goen a war ee vun den Haaptfavoritte mat 10 Nominéierungen.

A wie leet Nominéierungen fest?

All Member, deen an der Academy dran ass, huet seng Stëmm ze verginn. An dat sinn iwwer 9.000 Leit aus der Filmbranche - ob Regisseuren, Schauspiller oder Kameramänner. All Member dierf 5 Nominéierungen ofginn an dat awer just fir déi Kategorie, an där hien och selwer schafft. Zum Beispill kann e Schauspiller just fir en anere Schauspiller ofstëmmen.

Déi wichtegst Kategorie sinn "Beschten Haaptduersteller", "Bescht Haaptduerstellerin" an "Beschte Film".

Roma an The Favourite haten déi meescht Nominatiounen, all Kéiers 10,  A Star Is Born a Vice haten der jeeweils 8.

Kee Moderator

Vill Duercherneen war et am Virfeld ginn, wien d'Oscars soll moderéieren. Et gouf dëst Joer fir d'éischt zënter 30 Joer kee festen Host. Mä e Mix aus de Best-Of vun Hollywood-Gréissten. Wéi z.B. de Samuel L. Jackson, Charlize Theron an nach vill méi.

An dann nach eng kleng Anekdot zum Schluss

Offiziell heescht d'Präisiwwerreechung net "Oscars", mä "Academy Award of Merit". Et gëtt gezielt, dass deemools d'Bibliothekärin vun der Academy soll gesot hunn, wéi si déi gëlle Statue gesinn huet, dass si géing fannen, dass Statue genee sou ausgesäit wéi hire Monni Oscar ... Op dat awer elo wouer ass, dat weess kee sou genee. Et kléngt op alle Fall besser wéi "Academy Award of Merit".

E Méindeg de Moien kënnt Der d'Gewënner op RTL.lu entdecken a mir halen Iech tëscht 8.30 an 9 Auer um Lafende mat enger Analys vun eisem Kino-Expert Jemp Thilges.

Haaptnominatiounen am Iwwerbléck

Best picture
"Black Panther"

"BlacKkKlansman"

"Bohemian Rhapsody"

"The Favourite"

"Green Book"

"Roma"

"A Star Is Born"

"Vice"

Best director

Spike Lee, "BlacKkKlansman"

Pawel Pawlikowski, "Cold War"

Yorgos Lanthimos, "The Favourite"

Alfonso Cuaron, "Roma"

Adam McKay, "Vice"

Best actor

Christian Bale, "Vice"

Bradley Cooper, "A Star Is Born"

Willem Dafoe, "At Eternity's Gate"

Rami Malek, "Bohemian Rhapsody"

Viggo Mortensen, "Green Book"

Best actress

Yalitza Aparicio, "Roma"

Glenn Close, "The Wife"

Olivia Colman, "The Favourite"

Lady Gaga, "A Star Is Born"

Melissa McCarthy, "Can You Ever Forgive Me?"

Best supporting actor

Mahershala Ali, "Green Book"

Adam Driver, "BlacKkKlansman"

Sam Elliott, "A Star Is Born"

Richard E. Grant, "Can You Ever Forgive Me?"

Sam Rockwell, "Vice"

Best supporting actress

Amy Adams, "Vice"

Marina de Tavira, "Roma"

Regina King, "If Beale Street Could Talk"

Emma Stone, "The Favourite"

Rachel Weisz, "The Favourite"

Best foreign language film

"Capernaum" (Lebanon)

"Cold War" (Poland)

"Never Look Away" (Germany)

"Roma" (Mexico)

"Shoplifters" (Japan)

Best animated feature

"Incredibles 2"

"Isle of Dogs"

"Mirai"

"Ralph Breaks the Internet"

"Spider-Man: Into the Spider-Verse"

Best documentary feature

"Free Solo"

"Hale County This Morning, This Evening"

"Minding the Gap"

"Of Fathers and Sons"

"RBG"

Best original screenplay

"The Favourite" - Deborah Davis and Tony McNamara

"First Reformed" - Paul Schrader

"Green Book" - Nick Vallelonga, Brian Currie and Peter Farrelly

"Roma" - Alfonso Cuaron

"Vice" - Adam McKay

Best adapted screenplay

"The Ballad of Buster Scruggs" - Joel and Ethan Coen

"BlacKkKlansman" - Spike Lee, Charlie Wachtel, David Rabinowitz and Kevin Willmott

"Can You Ever Forgive Me?" - Nicole Holofcener and Jeff Whitty

"If Beale Street Could Talk" - Barry Jenkins

"A Star Is Born" - Bradley Cooper, Eric Roth and Will Fetters

Best original score

"Black Panther" - Ludwig Goransson

"BlacKkKlansman" - Terence Blanchard

"If Beale Street Could Talk" - Nicholas Britell

"Isle of Dogs" - Alexandre Desplat

"Mary Poppins Returns" - Marc Shaiman

Best original song

"All The Stars" from "Black Panther"

"I'll Fight" from "RBG"

"The Place Where Lost Things Go" from "Mary Poppins Returns"

"Shallow" from "A Star Is Born"

"When A Cowboy Trades His Spurs" from "The Ballad of Buster Scruggs"

Back to Top
CIM LOGO