„Grounded“ heescht dat bekanntest Stéck vum amerikaneschen Auteur George Brant, dat sech mam Thema "digitale Krich" beschäftegt. Eng Fra steet eleng am Mëttelpunkt. Zu New York huet d‘Anne Hathaway dës Roll gespillt.
Et geet ëm eng jonk Kampfpilotin vun der US-Army, déi no engem Congé de maternité, zeréck op hir Schaff kënnt an elo net méi mat Fligeren duerch d‘Luucht flitt fir fir d’Fräiheet ze kämpfen an d'Mënschen ze schützen, mä Drohnen dohinner dirigéiert.

Déi jonk Fra fillt sech hin- an hiergerappt a fënnt keng Distanz méi zu deem, wat se mécht. Abstrakt Géigner ugräifen, egal wou op der Welt, an dono da Feierowend maachen an heemgoen. E wichtegt Stéck an der heiteger Zäit a keng einfach Thematik.
D‘Kritiken an der däitscher Press ware ganz gutt, elo kann ee sech vun der Performance vum Sarah Grunert selwer iwwerzeegen e Freideg 22.2. zu Maarnech am Cuber an den 23. a 24. Februar am Théâtre National an an der Stad.