Diddelenger Kënschtler mat Läif a SéilGrouss Retrospektiv vum Jean-Pierre "Menn" Adam

Sandy Elsen
Am Kontext vum 80. Gebuertsdag vum verstuerwene Kënschtler ass an zwou Diddelenger Galerien eng Retrospektiv ze gesinn.
Grouss Retrospektiv vum Jean-Pierre "Menn" Adam
Am Kontext vum 80. Gebuertsdag vum verstuerwene Kënschtler ass an zwou Diddelenger Galerien eng Retrospektiv ze gesinn.

Dee gebiertegen Diddelenger Jean-Pierre Adam, och bekannt als “Menn”, war Kënschtler mat Läif a Séil. Duerch seng Villsäitegkeet hat hie sech zu Liefzäite virun allem am Ausland een Numm gemaach. Vun der Molerei iwwer d’Gravure bis hin zur Textil- a Glaskonscht: hien hat senger Kreativitéit mat deene verschiddensten Technike fräie Laf gelooss.

Am Kontext vum 80. Gebuertsdag vum 2014 verstuerwene Kënschtler ass an den Diddelenger Galerien Dominique Lang an Nei Liicht den Ament eng grouss Retrospektiv ze gesinn.

Dem Jean-Pierre Adam seng Leidenschaft fir d’Konscht a seng Faszinatioun fir d’Faarf sinn onverkennbar. D’Retrospektiv vun deem Diddelenger Kënschtler léisst de Visiteuren eng breet gefächert Selektioun vu Wierker entdecken, déi sou vill wéi méiglech Facettë vu sengem kënschtleresche Schafe weise sollen. D’Marlène Kreins an d’Fanny Weinquin hu fir dës Ausstellung den Inventaire vun de Wierker aus dem Besëtz vun der Famill Adam gemaach.

De Jean-Pierre Adams war kee Mann vu ville Wierder. Seng Freed, wéi och säi Leed, hat hien duerch seng Konscht ausgedréckt, virop duerch seng abstrakt Molerei. De Fait, dass hien no engem Accident am Alter vu 16 Joer just nach eng Hand hat, konnt hien net dorunner hënneren, fir mat groussen, deels explosive Geste senger Energie fräie Laf ze loossen.

Mat dëser Ausstellung gëtt net just ee wichtegen artistesche Patrimoine valoriséiert, ma de Public kritt och nei Perspektiven op dem „Menn” seng Wierker gebueden.

Nach bis de 27. Mäerz kann een déi vill Wierker vum Jean-Pierre “Menn” Adam an Centre d’art Dominque Lang an am Centre d’art Nei Liicht zu Diddeleng entdecken.
Eng guidéiert Visitt duerch d’Ausstellung gëtt de 5. Mäerz um 15 Auer gemaach.

Donieft kréien Interesséierter och d’Geleeënheet gebueden, fir sech dem Kënschtler säin Atelier unzekucken. Rendez-vous dofir ass den 19. Februar um 13 Auer an den 2. Mäerz um 18 Auer. D’Umeldung leeft iwwer culture@dudelange.lu

Passend zur Ausstellung huet d’Stad Diddeleng an Zesummenaarbecht mat Famill a Bekannte vum verstuerwene Kënschtler a mat de Curatricë Fanny Weinquin a Marlène Kreins och ee Katalog erausbruecht, deen dem Public de Personnage Jean-Pierre Adam méi no bréngt.

Back to Top
CIM LOGO