
Dat nom “Rumpelstilzchen”, dem “Rabonzel” an “All den Déieren aus dem Bësch”.
D’Geschicht vum “Hänsel a Gréidel” zielt zu de bekanntsten däitsche Märercher. Déi éischt Erzielung vun de Gebridder Grimm geet op d’Joer 1812 zréck, ma d’Geschicht vun de Geschwëster, déi sech am Bësch verléieren an do vun der Hex mat hirem Knusperhaischen gefaange gehale ginn, gëtt awer an dëser Versioun nei verschafft.
Fir d’Gréidel bedeit et an dësem Fall ze vill Responsabilitéit fir e Kand.
Fir d’Geschicht ze ënnersträichen, ass e märchenhaften Dekor entstanen. Hei ass d’Haischen awer net klassesch aus Liefkuch, mee et ass un der slawescher So vun der Baba Yaga inspiréiert, wou d’Hexenhaus op Héngerféiss steet. D’Resultat ass e grousst Bamhaus, dat vun alle Säiten bespillt gëtt.
Danz, Musek, Schauspill a Spezialeffekter kommen hei zesummen a schafen eng magesch Kuliss, fir d’Geschicht vum Hänsel a Gréidel ze erzielen.