An der zweeter Halleffinall ass d’Laura Thorn opgetrueden, déi jonk Sängerin ass gebierteg vu Schëffleng, dofir war et passend, dëse Public Viewing op der Gemengeplaz z’organiséieren.
“D’Laura Thorn ass e Schëfflenger Meedchen. Dat ass dat éischt, wat mir an de Kapp komm ass: komm mir maachen dat zu Schëffleng, mir zéien dat grouss op. Ech si selwer groussen Eurovision-Fan. Ech hu mir geduecht, dann huelen ech dat ënnert de Grëff a mir organiséieren dat am grousse Stil”, esou de Moreno Pizzoni, Organisateur vum Evenement.
Virum Livestream um 21:00 Auer hate si eng Show organiséiert, fir de Public an d’Stëmmung vun der Eurovisioun ze bréngen. Dorënner war Live-Musek, ewéi och e Video-Message vum Tali, dat d’lescht Joer Lëtzebuerg um ESC vertrueden huet.
E Samschdeg ass erëm e Public Viewing vun der Finall, wou d’Laura Thorn als zweet Land säi Lidd wäert sangen.