
Si gehéieren, grad ewéi Deeler vun der Festung, der Péitruss oder Deeler vum Parc zum Patrimoine Mondial vun der UNESCO.
D’Trompes de Chasse hunn hiren Ursprong am 18. Joerhonnert um Haff vum Louis XV a ginn haut, wäit ewech vun hirer éischter Missioun, dem Kinnek mam Blose vum Juegdhar ze weisen, a wéi eng Richtung hie misst wéi engem Wëld noreiden, eng Bedeitung, déi als Weltkulturierwen ageschriwwen ass. De 5. Juni waren déi ganz speziell musikalesch Téin vun den “Sonneurs de Trompe” op ganz spezielle Sitten ze héieren. Dat am Kader vun engem Stater Gaarde-Rendez-vous mat héich dekoréierten Acteuren.
UNESCO meets UNESCO ...dat klengt englescht Wuert hätt dem Louis XV kaum gefall... Den “Art Musical des Sonneurs de Trompe” geet op d’Cour Royale vum 18. Joerhonnert zréck. Dat ass laang hier an haut si mir richteg houfereg op eis Trompes de Chasse. Haupeschbléiser: dat Wuert kënnt vum Hellegen Hubert vu Léck. Wéi hire Patréiner hunn och si mat der Juegd ze dinn. Si blosen zum Beispill an e franséischt Juegdhar - deemools an haut e Kommunikatiounsinstrument!
Déi Leit si vir geridden a wa se e Wëllschwäi gesinn hunn, hu se “et geblosen” an de Kinnek wousst Bescheed, erkläert de Guy Wagner, Grënnungspresident vun der ASBL “Les Trompes de Chasse Saint Hubert de Luxembourg”. An der Belsch wier een alt mat Päerd mat geridden, hei wier et dat net ginn. Si géife Musek maachen, seet de President vun der ASBL; ëm dat géing et hinne goen, och wann der een oder zwee e Juegdpermis hätten. “Mir schwätzen hei net vu Juegd!”, ënnersträicht de Guy Wagner.
A wann déi 50 Joer al ASBL dann an der Stad an Unesco-Gäert respektiv Parke spille kann, léisst ee sech net zwee Mol fléiwen! E Mariage, dee passt, och ouni Juegd!

De Patrick Dondelinger ass nom Patrimoine religieux elo fir deen Immateriellen zoustänneg a vun deem begeeschtert. D’Haupeschbléiser maache Kaméidi, mee et ass eng al Traditioun, déi de Leit Freed mécht, eng, déi Identitéit a Kontinuitéit vermëttelt. Och wa Jonker rare wieren, esou Initiative stéinge fir Konscht, Kultur a Kreativitéit, präziséiert den Expert aus dem Kulturministère. Esou eng Traditioun kéint natierlech och emol verschwannen, well se ebe vill Asaz vum Nowuess géing verlaangen.
De Guy Wagner gëtt e Beispill: en däitscht “Jagdhorn” kéint een an engem Joer spillen, fir déi franséisch “Trompe de Chasse” bräicht ee 5 bis 10 Joer, sou dee begeeschterte Grënnungspresident vun der ASBL. Dofir kéinte si all Musek vun der Welt spillen an dat mécht si extra!
“Rendez-vous aux Jardins": 39 Gäert waren et dëst Joer, mat 66 Eventer.