Lëtzebuerger Koproduktioun"Hinterland" - e Film mat expressionisteschem Zeenebild

Patricia Baum
Zënter leschter Woch leeft de Film am Kino, deen och eng Lëtzebuergesch Bedeelegung huet. 2019 gouf de Film hei am Land an an Éisträich am Studio gedréint.
"Hinterland" - e Film mat expressionisteschem Zeenebild
Zënter leschter Woch leeft de Film am Kino, deen och eng Lëtzebuergesch Bedeelegung huet. 2019 gouf de Film hei am Land an an Éisträich am Studio gedréint.

Eng Koproduktioun vun Amour Fou, wou och vill Lëtzebuerger Schauspiller dobäi sinn. Wat de Film vum Oscar noméierte Regisseur Stefan Ruzowitzky esou besonnesch mécht ass virun allem den Dekor.

“Hinterland” spillt am Wien vun de 1920er Joren. E Wien dat bedréckend an düster ass. D’Zeenebild erënnert staark un den Expressionismus, d’Fassade si kromm, d’Proportioune verzerrt an am allgemenge leeft oder ass villes schif am Film. En Dekor, dee quasi ganz mat der Bluescreen-Technik entstanen ass. Fir de Regisseur Stefan Ruzowitzky e spannend Experiment.

Den Held an dësem Fall ass den Haaptprotagonist an eemolege Kriminalbeamten Peter Perg. No siwe Joer als Krichsgefaangene kënnt hien zréck a seng Heemecht Wien. E Wien dat sech awer nom 1. Weltkrich komplett verännert huet. Den expressionisteschen Dekor ass e stilistescht Mëttel fir d’Gefillswelt vun der Gesellschaft an de Protagonisten duerzestellen.

Den historeschen Thriller “Hinterland” erzielt awer och d’Geschicht vun engem Seriemäerder, deen op eng brutal Manéier opdaucht. Eng vun den Haaptrolle spillt de Lëtzebuerger Acteur Marc Limpach als Polizeirat Victor Renner.

Fir de Regisseur Stefan Ruzowitzky, deen 2008 den Oscar fir «Die Fälscher» krut, ass “Hinterland” e grousst visuellt an ästhetescht Experiment. Mat enger Geschicht, déi vill kromm Dimensioune mat sech bréngt.

Lëtzebuerger Koproduktioun “Hinterland” mam Publikumspräis ausgezeechent

Back to Top
CIM LOGO