
Do ass owes nämlech den Hobby-Nuetsmaart. Ronn 80 Hobby-Kënschtler stellen hei an de Stroossen hir Wierker aus, déi een vu 16 Auer un a bis an d’Nuecht era bewonneren - a bei Interessi - och kafe kann. Organiséiert vun der “Hobbykënschtler Asbl” ass et well déi 2. Kéier, dass dëse Maart organiséiert gëtt. Wat een hei sou alles fënnt, weess d’Presidentin vun den Hobbykënschtler Lëtzebuerg, d’Eliane Lothritz:
“Alles wat verkaf gëtt, ass selwergemaach, et si keng Commerçanten do. Dir fannt Holz, Dir fannt Eisen, Dir fannt Biller, Bitzen, Molen. Also et ass wierklech vun alle Stonnen eppes dobäi, Bijouen...Et ass eng Panoplie, déi esou grouss ass, Keramik. Op deenen 80 verschiddene Stänn hu mir och ganz vill verschidden Hobbyen. Et ass net oft dat selwecht.”
Nieft de sëllege Stänn gëtt et awer och eng Fotoexpo an der Galerie an der Entrée vum Duerf an och uewen am historeschen Deel ze gesinn. Ma och musikalesch gesinn, steet genuch um Programm:
“Mir hunn eng ganz flott musikalesch Animatioun, mir hunn eng Stroossenanimatioun, do hu mer den Nico mam Accordéon, de Pascal mat der Dréiuergel. Fir d’Kanner hu mer Ballonnage mam Luciano, mir hunn och Facepainting mam Tania, mir hunn ‘Alphornissimo’ déi duerch d’Stroossen zéien. Mir hunn awer och e puer fest Concerten: Den Orchester Jean-Paul & Misch an um 19 Auer trëtt d’Lisa Mariotto op an dat bis 23 Auer. Mir hunn an der Rue du Pont uewen den DJ Andy, op der Place des jardins hu mer den Duo musical ‘Gans’ anders’ an als Ofschloss kommen ‘d’Spirit of the Highlands - Pipes and Drums’.”
A fir dass keen hongereg oder duuschtereg bleift, suerge lokal Veräiner fir deen néidege Kascht. Donieft fënnt een awer och eng Foodstreet mat allerhand Séissem.
Zu Esch-Sauer wäert ee leider net parke kënnen, dofir ginn awer direkt 3 verschidde Linne vun Navetten agesat:
“Mir hunn eng Linn, déi fiert vun Eschduerf, mir hunn eng vun Ënsber an dëst Joer nei ass eng vu Bidscht.”
Do kann ee säin Auto dann op de Parkinge stoe loossen a gemittlech mat der gratis Navett bis op Esch-Sauer gefouert ginn. Donieft fueren natierlech och déi normal Buslinnen op Esch-Sauer.
Op der Facebooksäit vum Organisateur, der Hobbykënschtler Lëtzebuerg Asbl, fannt Dir iwwregens déi verschidden Exposanten, déi Iech e Samschdeg zu Esch-Sauer erwaarden.
Fliedermais am Ellergronn
Den Tipp vun en Dënschdeg:Kloteren a schlofen an de Beem
Den Tipp vun e Mëttwoch:After-Work mat de Mille GiedelenDen Tipp vun en Donneschdeg:3. Phas vun der Expo “Voie 15" an de Rotonden