An enger Hängematt eng Siesta halen, ass eng gemittlech Saach. Mä wat ass, wann doraus eng ganz Nuecht gëtt an d'Hängematt op 5 bis 8 Meter Héicht hänkt?

Dat ass da manner gemittlech, dofir awer vill méi spannend!

Summer-Agenda: Kloteren a schlofen an de Beem

Genee dat kënnt Dir den 11. August an der Stengeforter Gemeng erliewen. Do organiséiert den Naturschutzzenter Mirador nämlech eng flott Aktivitéit an dat mat Iwwernuechtung. Lass geet et Nomëttes, de Gilles Wagener:

"Fir d'éischt kucke mer mol, wat alles ënne ronderëm de Beem lieft. Da léiere mer e puer Leit kennen, déi eis bäibréngen, wéi een an de Beem klotert, et ass alles duebel ofgeséchert, an da léiere mer Klotertechnike kennen. An da klamme mer e bëssi de Bam erop a kucken, wat sou alles um Stamm vum Bam lieft. Da si mer sou sécher an de Seeler, da klamme mer mat deene Leit weider erop an da si mer an de Bamkrounen an do kucke mer, wat do alles vun Déiere lieft. Dat ass den Naturaspekt un där ganzer Saach an dann dat spannend, wat et sou extra mécht: An de Bamkroune selwer hänken op verschidden Héichten Hängematten, wou mir d'Nuecht dra verbréngen."

Éier et awer an "d'Heia" geet, féiert de Wee nach eng Kéier zréck op de Buedem, wou eppes giess gëtt an nach Wëldkamerae ronderëm opgestallt ginn.

"Soubal et ufänkt däischter ze ginn, da klamme mer erop. Virdru gi mir awer nach eng Kéier op d'Toilette an da klamme mer erop a schlofen do. Dat heescht, mir probéieren ze schlofen. Et ass nämlech immens spannend. Et héiert ee Geräischer, déi ee soss net héiert, et läit een an enger Hängematt uewen am Bam."

Wann d'Nuecht eriwwer ass, da klëmmt een nees erof an da gëtt op der Wëldkamera gekuckt, wat do alles Geräischer gemaach huet an der Nuecht.

Well een op 5 bis 8 Meter Héicht schléift, ass dat elo net onbedéngt eppes fir Leit, déi net schwindelfräi sinn. Fir de Recht ka jidderee matmaachen, dee sech nach fit genuch fillt, e Bam eropzeklammen.

Umelle kann ee sech elo nach ganz séier an dat beim Naturschutzzenter Mirador. Maacht Iech bäi soulaang nach Plaz ass, well esou eng Geleeënheet bitt sech net all Dag.

All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:

Den Tipp vun e Méindeg: Fliedermais am Ellergronn