Wéi wier et mat engem sympatheschen After-Work an engem gesellege Kader? Dat Ganzt mat engem gudden Iessen a flotte Geschichten an Anekdoten?

Genee dat kënnt Dir den 9. August, sou wéi de 6. September op der Biekerecher Millen erliewen. Dat zesumme mat de Mille Giedelen, d'Isabelle Hermes vum regionalen Tourismusverband Guttland:

"Dat ass eng ganz nei Offer op der Millen. Et muss ee wëssen, et gi scho méi laang Mille Pätteren op der Biekerecher Millen an déi Mille Pättere maachen, ënnert anerem, Demonstratiounen an der aler Seeërei. An elo huet d'Millen Asbl sech op d'Sich gemaach no Mille Giedelen, dat heescht eeler Dammen aus dem Duerf, aus der Regioun, déi Loscht hate sech an der Millen ze engagéieren."

A genee dës Damme wäerten Iech fir dësen After-Work op der Millen empfänken an zesumme preparéiert Dir e puer traditionell Plate ronderëm lokal Käre vir. Iwwerdeems ginn et dann och nach e puer spannend Geschichte vun der Biekerecher Millen.

"De Plat gëtt et natierlech zum Ofschloss och ze degustéieren, also wéi een op Lëtzebuergesch sou schéi seet: Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt."

Dësen After-Work riicht sech speziell un Erwuessener. Lass geet et jeeweils um 19 Auer an et kann ee gutt 2 Stonne virgesinn.

Umelle kënnt Dir Iech um Site vu Visit Guttland.

All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:

Den Tipp vun e Méindeg: Fliedermais am Ellergronn

Den Tipp vun en Dënschdeg:Kloteren a schlofen an de Beem