An eisem Summer-Agenda-Tipp vun e Méindeg huele mer Iech mat an den Ellergronn an d'Galerie, wou vill kleng Bat men wunnen.

Hei organiséiert den Naturschutzzenter Ellergronn den 12. August eng guidéiert Visitt, bei där et drëms geet, d'Fliedermais besser kennenzeléieren. 

Summer-Agenda: Fliedermais am Ellergronn

Am Ellergronn gëtt et virun allem eng bestëmmten Aart vun deenen Déieren, déi sech hei niddergelooss huet, well d'Galerien hei Fliedermaus gerecht amenagéiert goufen. Wat den Owend vum 12. August um Programm steet, erkläert de Pol Zimmermann, Responsabele vum Naturschutzzenter Ellergronn:

"De Guide, den Norbert Valmorbida, wäert vun 21 Auer bis Mëtternuecht eng Féierung maache mat de Leit, wou en och verschidde Fliedermais opsicht, wou e mat Bat-Detektore mat Leit schafft, wou d'Leit kënnen d'Geräischer vun de Fliedermais héieren, wou se bestëmmt ginn, wou mer och schonn e puer Exemplare hei am Ellergronn hunn, déi e bëssi méi seele sinn a wou mer och ebe schonn Doudeger opfonnt hunn, déi een da ka genee ënnert der Lupp kucken."

Et geet awer och drëms d'Leit ze sensibiliséieren op wat een oppasse soll bei de Fliedermais a wéi een hir Liewensraim erhale kann. Eng flott Familljenaktivitéit mat Kanner, déi well méi grouss sinn, ma och Leit, déi gäre méi iwwert d'Fliedermais wëlle gewuer ginn, sollte sech dësen Event net entgoe loossen. Et geet een elo och keng Kilometeren deen Owend:

"Et geet e klengen Deel ze Fouss, dat ass awer elo kee schwieregen Deel. Et bleift een éischter ronderëm den Ellergronn, wou eben e Maximum un Däischtert ass a wou een d'Fliedermais relativ gutt gesäit."

Umelle fir dës Aktivitéit kann ee sech entweder online um Site vun emwelt.lu oder beim Naturschutzzenter Ellergronn.

All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:

Den Tipp vun e Sonndeg: Welleschter Kiermes