Eng 87 Fotoe vum Mierscher Agrozenter sinn den Ament am CNA ausgestallt a weisen, wat dee Site all déi Joren verstoppt huet.
Et war e bekannte Site zu Lëtzebuerg – den ale Mierscher Agrozenter mat den 2 groussen Siloen, dem Schluechthaus an der Kärenhal. Elo ass en ofgerappt, fir neie Residencë Plaz ze maachen. Als Reaktioun dorop ass de Foto-Projet “Hors Champs” vum Christian Aschman an d’Rulle komm.
De Site vun enger 30 Hektar misst de Fotograf als éischt op sech wierke loossen a genee kenneléieren, éier e konnt mat der Dokumentatioun ufänken. Besonnesch misst e sech mol un d’Aarbechtskonditiounen an d’Atmosphär gewinnen. Well d’Gebaier ware schonn eidel.
Nieft enger objektiver Dokumentatioun huet de Christian Aschman seng perséinlech Perspektiven an de Biller integréiert. D’Expo weist déi verschidde Stëmmungen, Detailer an architektonesch Schätz, déi sech vu 1959 bis 2019 am Agrozenter verstoppt hunn.
D’Expo leeft nach bis de 29. November am CNA.
