Nei MusekI am Sea

RTL Lëtzebuerg
Enn d'lescht Joer huet de Marc Holstein de Soloprojet "I am Sea" an d'Liewe geruff. Ufank Juni dëst Joer koum seng Debut Single "Finish Line".
© I am Sea

Musek huet fir de Marc Holstein ëmmer eng wichteg Roll gespillt. Schonn am Lycée si vill Stonne fir Prouwen drop gaangen. Am Studium ass d’Musek dunn zwar bëssen an den Hannergrond geroden, ma de Besoin fir sech musikalesch auszedrécke war ëmmer do. Nom Studium huet de Museker dunn d’Band mam Numm In the Atlas gegrënnt, ma niewebäi huet hie weiderhin eege Saache geschriwwen an doraus ass elo de Solo-Projet I am Sea entstanen.

De Museksstil géif hien éischter als Melancholeschen-soft-Pop bezeechnen. Dass et genee dee Stil ass, hätt keng gréisser Bedeitung. Hien kéint sech mat där Museksrichtung ebe just am beschten ausdrécken. D’Inspiratioun fir seng Texter a Melodien, kënnt vill duerch d’Musek vun anere Kënschtler, ma och de Besoin fir eege Gefiller a Momenter ze verschaffen, géif him vill Inspiratioun bréngen.

I am See / Reportage Liz Heintz

Finish Line ass dem Marc Holstein, mat sengem Projet I Am Sea, seng éischt Single. Hie steet also nach ganz am Ufank vu senger Karriär, ma an der momentaner Situatioun wier et net esou einfach iwwert d’Zukunft an der Museksbranche ze nozedenken, ma hie géif awer schonn u neie Saache schaffen an et dierft een sech dann Enn dëst Joer op méi vun him freeën, esou de Museker selwer.

Bis dohinner kann een sech seng Debut Single Finish Line, fir déi et och en eege produzéierte Videoclip gëtt, nach bëssen ulauschteren.

Back to Top
CIM LOGO