Am Fong sollt et en dokumentarescht Musek-Theaterstéck ginn, dat op Aussoe vun Zäitzeien aus dem Zweete Weltkrich baséiert, déi vum däitschen Auteur Walter Kempowski an enger Sammlung festgehale goufen. Mee elo krut de Projet mam Titel “Ich kann meinem Hirn die Bilder nicht verbieten” duerch d’Aktualitéit eng ganz aner Dimensioun.
2015 war d’Thema fir d’Compagnie du Grand Boube als éischt d’Flüchtlingskris, elo ass et e Projet ronderëm den Zweete Weltkrich.
Gutt 10.000 Säiten déck ass dem Walter Kempowski säi Monumentalwierk “Das Echolot” mat Extraiten aus Tagebicher oder Bréiwer an der Zäit vum zweete Weltkrich. Dorausser een eenzegen Dag erausgesicht: den 30 Januar 1943: den 10. Joresdag vun der Muechtergräifung vun den Nazien, war och d’Zäit vun der Schluecht ëm Stalingrad.
Dat Ganzt soll net didaktesch sinn, mee vrun allem de mënschlechen Aspekt an de Fokus setzen.
Nieft den Texter ass et och ganz vill Bild-Material, Live-Musek an Objeten aus der Zäit vun deemools, déi duerch eng besonnesch Technik mat Körperschallwandler oder Transduceren Téin vu sech ginn an eng gespenstesch Ambiance bréngen.
De Projet mam jo sou dramatesch aktuellen Titel “Ich kann meinem Hirn die Bilder nicht verbieten” ass duerch d’Pandemie elo eréischt op d’Bün komm. D’Ukrain-Aktualitéit huet de Projet u sech net verännert, mee e beréiert.
Gespillt gëtt den 22. A 23. Abrëll 2022 am CAPE zu Ettelbréck.
Mam Renelde Pierlot, Timo Hein, Franz L. Klee.
Zeenographie & Kostümer Peggy Würth
Konzept a Regie: Mani Muller