An de MudamInstallatioun vun der Yayoi Kusama verléisst Nanzeg no 21 Joer a kënnt op Lëtzebuerg

Isabelle Gillen
Vum 25. September u kann een am Mudam, am Kader vun der Ausstellung "Kaihō: Japanese Women Artists after 1945", eng Installatioun vun der Kënschtlerin Yayoi Kusama gesinn.
© Yayoi Kusama / Jason schmidt

Am August war d'Artistin, déi virun allem fir hir grouss immersiv Installatiounen am polka dot Design, oder déi verspigelt Infinity Rooms bekannt ass, am Alter vu 97 Joer verstuerwen.

Deemnächst kann een hir Installatioun "Fireflies on the Water" am Mudam erliewen. Heibäi dréint et sech ëm e klengen, verspigelte Raum mat engem schwaarze Plaffong, engem Waasserbaseng um Buedem an 150 faarwege Luuchten, déi sech onendlech dacks op de Maueren an am Waasser spigelen. Als Betruechter, eleng op enger Plattform an der Mëtt vum Raum, kritt een doduerch d'Gefill vun dausende Glüwürmercher ëmginn ze sinn.

D'Installatioun, déi 21 Joer laang zu Nanzeg ausgestallt war, ass inspiréiert u Japaneschen Traditiounen, wéi "hotaru gari", bei där Glüwürmercher beobacht ginn, oder "tōrō nagashi", bei där Lanteren iwwert e Waasser dreiwen.

Et dierf ëmmer just eng Persoun eleng de Raum betrieden, esou war et vun der Yayoi Kusama geduecht, fir dass ee sech selwer reflektéiert. Hei soll ee säin Ego a seng kierperlech Limitte vergiessen a mam Universum verschmëlzen.

D'Installatioun ass Deel vun der Kollektioun vum Whitney Musée zu New York, war awer bis de leschte Sonnden 21 Joer laang am Musée des Beaux Arts zu Nanzeg ze gesinn. Vum 25. September u wäert d'Wierk am Kader vun der Ausstellung "Kaihō: Japanese Women Artists after 1945" am Mudam ze fanne sinn.

D'Expo dréint sech ëm déi wichteg Roll vu japanesche Kënschtlerinnen an der Nokrichszäit an de Joerzéngten dono, déi vun déifgräifende Verännerunge gepräägt sinn. Nieft der Installatioun vun der Yayoi Kusama gi Wierker vu Kënschtlerinne wéi der Yoko Ono, der Atsuko Tanaka, der Fujiko Nakaya a ville méi ausgestallt, vun deene verschiddener nach ni baussent Japan gewise goufen.

D'Expo am Mudam leeft bis de 14. Februar 2027. All d'Informatiounen zu der Ausstellung fannt Dir um Site vum Musée.

Back to Top
CIM LOGO