Konschtzeen am TrauerJapanesch Artistin Yayoi Kusama am Alter vu 97 Joer gestuerwen.

RTL Lëtzebuerg
Déi weltwäit Konschtzeen ass am Trauer. Déi zäitgenëssesch Kënschtlerin Yaoi Kusama ass dout.
(FILES) Japanese artist Yayoi Kusama waves at a photo session during a press preview of her exhibition titled "My Eternal Soul" at the National Art Center in Tokyo on February 21, 2017.
Déi japanesch Kënschtlerin bei hirer Ausstellung mam Titel "My Eternal Soul" am National Art Center zu Tokio den 21. Februar 2017.
© AFP/

Déi weltberüümt japanesch Artistin Yayoi Kusama ass am Alter vu 97 Joer gestuerwen. Wéi et heescht, ass si schonn de 14. August zu Tokio gestuerwen.

D'Kusama war eng vun den zäitgenëssesche Kënschtlerinnen mat der gréisster Influence. Verspigelt Infinity Rooms, grouss Punkten, sougenannt Polka dots op Tableauen a grouss Kürbissen - dofir war si bekannt.

Zu Köln am Museum Ludwig war am Juli nach eng Retrospektiv op der Japanerin hiert Wierk. 450.000 Visiteuren waren dem Musée no do - e Rekord.

Back to Top
CIM LOGO