
Beim internationale Speaker Slam hat all Kandidat 4 Minutten Zäit, en Thema esou iwwerzeegend wéi méiglech op der Bün virzedroen.
Zum Schluss war et den Heinz-Werner Kopp aus Lëtzebuerg, dee mat senger Ried “Die Sicht der Dinge” d’Jury iwwerzeege konnt. A sengem Message goung et ëm tëschemënschlech Bezéiungen a Problemléisung. Méi konkret: wéi de Mënsch d’Welt wouerhëlt. “Mir gesinn d’Welt net, wéi se ass, mä wéi MIR sinn”, sou de Gewënner.
Bei der 7. Editioun vun dësem Evenement gouf iwwerdeems och en neie Weltrekord opgestallt. Nach ni stoungen esou vill Riedner gläichzäiteg op enger Bün wéi zu München.