Schonn als klenge Bouf stoung de Max Thommes op der Bühn an d'Schauspillerei huet en och ni méi lassgelooss, obwuel och d'Konscht an d'Musek eng Roll a senger Karriär gespillt hunn.
Hie lieft zu Berlin, ass awer an den nächste Wochen fir gläich e puer Produktiounen zu Lëtzebuerg an hat sech Zäit geholl fir beim Jenny Fischbach laanscht ze kommen.
Aner Themen an der Emissioun: D'Claudia Kollwelter schwätzt iwwer de Film "Schwaarze Mann" vum Fränz Hausemer an d'Annick Goerens iwwer Esch 2022.
De labbere Kulturtalk "No Art On Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad elo ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.