Danzen war vu klengem un hiert Liewen. Och haut ass d'Sylvia Camarda nach ëmmer begeeschert vun där Passioun, schafft domadder och gär am soziale Beräich a presentéiert d'Danz-Emissioun "MOVE!"op ARTE. Bei No Art erzielt se vun hiren aktuelle Projeten.
Aner Themen sinn: d'Kachbuch "Végétal" vum René Mathieu, dat de Claude Neu virstellt an d'Expo vum Joao Penalva am MUDAM, déi d'Patricia Baum sech ukucke war.
De labbere Kulturtalk "No Art On Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad elo ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.