
D’Kulturjoer hat jo am Februar ugefaangen. Zanterhier huet Esch scho méi wéi 100.000 Visiteuren ugelackelt. “Dat freet eis alleguerten immens”, sou d’Generaldirektesch vun Esch2022 géintiwwer vun AFP. De Programm vum Mount Juni wäert immens musikalesch sinn. Bis zum Enn vum Joer sinn iwwer 1.000 weider Evenementer geplangt, huet d’Nancy Braun e Freideg betount.
Dëse Samschdeg maachen zwou nei Ausstellungen hir Dieren op. Engersäits déi sanéiert Möllerei an anerersäits am Gebai vun der aler Massenoire. “Earthbound” ëmfaasst 19 Wierker vun internationale Kënschtler, déi “zum Nodenken iwwer dréngend Ëmweltfroen ureegen” soll, heescht et. Am Fokus steet déi komplex Bezéiung tëscht Mënsch an Ökosystem. “Respire, pour un design climatique” wëll en “Bewosstsinn fir den onsiichtbare Räichtum” schafen. De Projet vum Labo fir Ëmweltdesign vun der Konschthéichschoul Nanzeg ass an Zesummenaarbecht mam Kulturministère an Esch2022 entstanen.
Zu der Europäescher Kulturhaaptstad Esch/Uelzecht gehéieren 11 Gemengen am Süde vu Lëtzebuerg an aacht Gemengen aus dem franséische Grenzgebitt. Ronn 200.000 Mënschen mat iwwer 120 verschiddenen Nationalitéite wunnen an där Regioun.