Gréissten Orchester vun der Welt?Iwwer 12.000 Museker sinn a Venezuela zesummen opgetrueden

RTL Lëtzebuerg
Zu Caracas hu sech dausende Leit versammelt an zesumme musizéiert. Elo préift d'Guinness-World-Records-Jury, ob en neie Weltrekord opgestallt gouf.
© Federico PARRA / AFP

De Concert huet ongeféier 10 Minutte gedauert. Gespillt gouf den “Slawesche Marsch” vum Peter Tschaikowsky. En aussergewéinlechen Optrëtt, wann ee bedenkt, dass eng 12.000 Persounen dorënner virun allem Kanner a Jugendlecher aus dem Musekbildungsprogramm “El Sistema”, dru bedeelegt waren. Den aktuelle Rekord vum gréissten Orchester op der Welt läit bei 8.097 Instrumenter.

Bannent 10 Deeg soll elo d’Entscheedung vun der Jury falen. Gepréift gëtt, ob tatsächlech iwwer 8.097 Instrumenter gläichzäiteg gespillt goufen. Ënnert anerem déi venezuelanesch Zeitung “El Universal” huet e Samschdeg doriwwer bericht gehat.

“El Sistema” ass e Projet, mat deem ee vill jonk Leit aus der Aarmut féiere wëll. Dëse gouf an de 70er Jore vum Museker a Komponist José Antonio Abreu an d’Liewe geruff. Mëttlerweil goufen am Kader vun dësem Projet honnertdausende Kanner a Jugendlecher ausgebilt.

Back to Top
CIM LOGO