
Ausgezeechent goufen déi Schoulen, déi zanter méi wéi engem Joer minimum 1 MUSEP-Grupp an hirer Schoul ubidden. Baussent de Schoulzäite bitt déi Schoul deemno Aktivitéiten un, déi vun op d’mannst engem Enseignant encadréiert ginn.
Dës MUSEP-Plaquettë ginn an de MUSEP-Member-Schoulen opgehaangen. Sou ginn d’Elteren an d’Kanner op d’MUSEP an hir Offeren opmierksam an nieft weidere scho bestoenden Aktivitéite (LASEP, Art à l’école) sensibiliséiert, sech musikalesch weiderzebilden a Spaass un der Musek ze entdecken.
D’MUSEP hofft, och an Zukunft Léierpersonal a SchülerInnen fir hir musikalesch a pedagogesch Aktivitéiten ze begeeschteren.
Weider Informatioune fannt Dir hei.