Star aus "Game of Thrones" op der Comic ConJack Gleeson inkognito um Stater Chrëschtmaart ënnerwee

Vidosava Kuzmic
Et ass net all Dag, dass een international Staren aus Film a Fernsee live gesäit, a scho guer net zu Lëtzebuerg. Deementspriechend vill Leit huet et de leschte Weekend op de Kierchbierg an d’Luxexpo gezunn, fir déi éischt Editioun vun der Comic Con.
Jack Gleeson incognito um Stater Chrëschtmaart ënnerwee an op der Comic Con
Et ass net all Dag, dass een international Staren aus Film a Fernsee live gesäit, a scho guer net zu Lëtzebuerg.

Nieft Schauspiller aus Star Wars, Harry Potter oder Stranger Things konnt een och den Jack Gleeson aus der weltwäit erfollegräicher Serie “Game of Thrones” treffen. Mat e bësse méi laangen Hoer an engem Schnutz ass de Schauspiller op den éischte Bléck net direkt als Joffrey erëm ze erkennen - déi Roll, déi hie weltwäit bekannt gemaach huet. Als ee vun den Haaptacteure war den Jack an den éischte 4 Staffele vun der Serie “Game of Thrones” ze gesinn, fir d’éischt als Prënz, dann als brutale Kinnek. Ma wärend der Comic Con war hien inkognito zu Lëtzebuerg ënnerwee. Den Owend virum Event huet hie sech ënner d’Leit um Stater Chrëschtmaart gemëscht. “Ech hu mech missen zréckhalen, fir net zevill Saachen ze kafen”, esou den 33 Joer alen Jack Gleeson. An als Clin d’oeil op de BBC-Artikel, an deem de Stater Chrëschtmaart als beschten an Europa bezeechent gouf, sot hien: “Fir mech ass en d’Nummer 1 op der Welt!” Hie géif zwar heiansdo op der Strooss erkannt ginn, ma et géif hien net stéieren, kuerz fir eng Foto stoen ze bleiwen. “Ech brauch kee Bodyguard oder sou”, seet den Jack Gleeson a laacht.

Den Jack Gleeson iwwer déi verrécktst Fan-Momenter
....

Waren hefteg Fan-Reaktioune Schold un der Schauspill-Paus?

Dem Jack Gleeson säi Schauspill-Talent, deen um Ufank vun den Dréiaarbechte réischt 17 Joer hat, huet aus dem Joffrey eng vun de meeschtgehaasste Figuren an der Tëlees-Geschicht gemaach. Säi Serien-Doud gouf gefeiert wéi kaum een aneren. No “Game of Thrones” huet den Jack Gleeson sech eng Zäitchen aus der Ëffentlechkeet zréckgezunn. Awer net, wéi ëmmer nees behaapt gëtt, well hien Haass fir seng Roll kritt hätt. Dat wier just ee Gerücht. Hien hätt einfach d’Passioun fir d’Schauspillerei op der Tëlee verluer. U Projeten am Theater war hien an de leschte Jore weiderhi bedeelegt. Ma de klengen Ecran huet him iergendwann awer gefeelt: aktuell ass hien an der Serie “House of Guinness” ze gesinn.

En Abléck an d’Welt vun de Cosplayer

Ma och déi Leit, déi net onbedéngt wéinst engem Schauspiller op der Comic Con waren, sinn op hir Käschte komm. Faarweg Kostümer, Gadgeten aus Filmer, Actionfiguren an Atelieren. Hei daucht een déif an an d’Welt vun der Pop-Kultur. Ëmmer nees begéint een och sougenannte Cosplayer. Dat si Leit, déi sech an hir Liblingsfiguren aus der Fantasy-Welt verwandelen - dacks mat opwennege Kostümer, an déi vill Méi eragefloss ass.

Wéivill Zäit a Geld stiechen an de Cosplay-Kostümer?
...

Tëscht 15.000 an 20.000 Leit hunn déi éischt Comic Con zu Lëtzebuerg besicht. Eng zweet Editioun schléissen d’Organisateuren net aus.

Back to Top
CIM LOGO