No senger Arrivée um Findel ass et fir de Johannes Pietsch, besser bekannt als JJ, direkt op de Belval gaange fir d’Generalprouf e Freideg den Owend. An der Show vum Luxembourg Song Contest wäert hie mat sengem Lidd “Wasted Love” optrieden, mat deem hie lescht Joer d’Eurovisioun zu Basel gewonnen huet. Dëst Joer ass den ESC jo dowéinst an der éisträichescher Haaptstad Wien.
Fir déi nei ESC-Phas vun dësem Joer ass den Song Contest an der Escher Rockhal déi éischt Etapp. Fir den JJ geet et dono nees zréck an de Studio, fir un neier Musek ze schaffen an eng EP ze produzéieren, fir déi hien dem Pop-Oper-Mix wëll trei bleiwen. De 6. Februar wäert hien offiziell seng nei Single erausbréngen ënnert dem Titel “Shapeshifter”. Dës Single wäert hien och am LAf vum LSC-Owend live fir eng alleréischte Kéier op der Bün presentéieren, eng Weltpremière also.
Un d’Kandidaten huet hien de Rot, Spaass op der Bün ze hunn a sech och ënnerteneen gutt ze verstoen, trotz der Konkurrenz.