
D’Format “Jackass” geet an eng weider Ronn a kënnt zeréck an de Kino. Zanter den 2000-er Jore kennt een d’Stuntmen vun Jackass fir hir aussergewéinlech Challengen, déi och emol ënnert der sougenannter “Gürtellinn” sinn. An d’neit Joer hätt ee wëlle “mat engem Knall starten”, sou dem Acteur Johnny Knoxville, dee verroden huet, dass Jackass eng Suite kritt. De 26. Juni 2026 gouf als Datum genannt. Wat genee d’Fans elo erwaart, doriwwer huet de Schauspiller awer kee Wuert verluer. Wat gewosst ass: et soll e Kinosfilm sinn.
Jackass hat op MTV seng Ufäng a war jorelaang déi erfollegräichst Emissioun an der Geschicht vum Sender. Dono goufe Filmer verëffentlecht, och mat Succès. Den éischte Film am 3D-Format - Jackass 3D - hat an Nordamerika mat ganzer 49,5 Milliounen Dollar (ëmgerechent 35,4 Milliounen Euro) d’Spëtzt vun de Kinocharts erreecht. De véierten a bis ewell leschte Film “Jackass Forever” war 2022 erauskomm.