Casting-Opruff fir e Lëtzebuerger WesternJong tëscht 11 a 14 Joer gesicht fir Roll am Film "Läif a Séil"

RTL Lëtzebuerg
Fir d'Roll vum Timo Wagner am Lëtzebuerger Western "Läif a Séil" gëtt nach bis den 20. Februar e jonken Acteur gesicht.

De Lëtzebuerger Film “Läif a Séil” - realiséiert vum Loïc Tanson - ass eng Produktioun vu Samsa Film.

Viraussetzung fir d’Roll ass, dass ee muss Lëtzebuergesch schwätzen an tëscht 11 a 14 Joer al sinn. Tournage ass tëscht Abrëll a Juni 2022 an d’Inscriptioune per E-Mail lafe bis den 20. Februar. Eranzeschécke sinn 2 Fotoen (Portrait an e ganzt Bild) souwéi e Video vun op d’mannst 3 Minutten.

PDF: Schreiwes mat den Detailer

Back to Top
CIM LOGO