Dokumentarfilm "De Lampertsbierg"Kee Quartier wéi een aneren!

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg war am Kinepolis d'Avant-première vum neie Lëtzebuerger Dokumentarfilm "De Lampertsbierg" vum Joy Hoffmann.
Dokumentarfilm "De Lampertsbierg"
E Sonndeg war am Kinepolis d’Avant-première vum neie Lëtzebuerger Dokumentarfilm “De Lampertsbierg” vum Joy Hoffmann.

Hei krut een en deels ganz perséinleche Bléck op e Liewen an dësem Quartier, an deem de bekannten Filmkritiker opgewuess ass an och haut nach lieft. De Film ass d’Resultat vu jorelaange Recherchen iwwert d’Geschicht, Temoignagen a virun allem Archivbiller iwwert de Lampertsbierg. An am Resultat léiert een hei awer och vill Allgemenges zur Entwécklung vun der Stad Lëtzebuerg.

Den Dokumentarfilm, dee vun e Mëttwoch un an zwee Deeler an de Kinoen uleeft, soll dann awer och do sinn, fir Archivmaterial op eng zougänglech Aart a Weis ze valoriséieren.

Back to Top
CIM LOGO