European Film Awards 2026Keng Auszeechnung fir d'Vicky Krieps

Isabelle Gillen
Um Samschdegowend gouf déi 38. Editioun vun de European Film Awards zu Berlin ofgehalen.
© RALF HIRSCHBERGER/AFP

A ganzer 19 Kategorie goufen hei Präisser fir Filmer a Filmemaacher aus dem leschte Joer iwwerreecht.

Déi meeschte Nominatioune gouf et fir den norweegesche Film “Sentimental Value” vum Joachim Trier. Och nominéiert war d’Vicky Krieps, dat an der Kategorie fir déi bescht Schauspillerin fir hir Roll am Film “Love Me Tender”, deen d’Schauspillerin ënnert hirer eegener Produktiounsfirma “Viktoria Productions” am Joer 2025 nieft der Regisseurin Anna Cazenave Cambet co-produzéiert huet.

Am Film geet et ëm eng Mamm, déi sech als lesbesch out a jorelaang géint e verbruete Papp fir d’Suergerecht vun hirem Bouf kämpfe muss, dee se dacks méintelaang net ze gesi kritt. De Film baséiert op dem autobiographesche Roman vun der Schrëftstellerin Constance Debré.

Fir den Award ass et dunn awer net duergaangen. Nach nominéiert waren an dëser Kategorie d’Renate Reinsve (“Sentimental Value”), d’Leonie Benesch ( “Heldin”), d’Valeria Bruni Tedeschi (“Duse”) an d’Léa Drucker (“Dossier 137"). Gewonnen huet schlussendlech d’Renate Reinsve.

All d’Gewënner sinn um Site vun de European Film Awards nozeliesen. Déi 39. Editioun wäert de 16. Januar 2027 zu Athen sinn.

Back to Top
CIM LOGO