
Wéi hien der BBC géigeniwwer sot, gouf d’Technologie geziilt agesat, fir d’Stëmm vum John Lennon vun enger aler Demo erauszezéien, fir sou d’Lidd kënne fäerdeg ze maachen.
Wéi hien erkläert, wier d’Lidd rezent fäerdeg ginn a géif nach dëst Joer released ginn. De Paul McCartney huet den Numm vum Lidd net genannt, ma et geet een awer staark dovunner aus, dass et eng Kompositioun vum John Lennon aus dem Joer 1978 ass, mam Numm “Now and Then”. Dëst Lidd gouf och schonn als Reunioun-Lidd fir d’Beatles am Joer 1995 gehandelt.
Am Joer 1994 huet de McCartney d’Demo vum Lennon senger deemoleger Fra Yoko Ono kritt. Op der Kassette steet “For Paul” drop a gouf kuerz virum Doud vum John Lennon am Joer 1980 opgeholl. Vun dëser Opnam goufen d’Lidder “Free As A Bird” a “Real Love” an de Joren 1995 an 1996 released, déi éischt nei Lidder a 25 Joer.
“Now and Then” gouf och an der Vergaangenheet probéiert selwer fäerdeg ze stelle vun de Memberen, ma et gouf awer séier nees fale gelooss, well et ze wéineg Material vum Lennon gouf. De George Harrison huet d’Lidd als “rubbish”, also Dreck deemools bezeechent.