Art BaselKënschtler ësst Banann am Wäert vun iwwer 108.000 Euro

RTL Lëtzebuerg
Et war wuel déi deierst Banann vun der Welt, bis den David Datuna se giess huet. Dat huet de Performance-Kënschtler op der Art Basel gemaach.
© AFP

Wann een eng Banann ësst, ass dat eigentlech näischt Spektakuläres, ma an dësem Fall huet et sech ëm e Konschtwierk gehandelt. D'Uebststéck gouf nämlech rezent fir 108.500 Euro op der Art Basel verkaf.

Den amerikanesche Kënschtler David Datuna huet sech d'Banann, déi en Deel vum Italiener Maurizio Cattelan senger Installatioun war, gegraff a virun den Ae vun de schockéierte Spectateure giess.

Den Datuna huet seng Performance, déi en als "Hungry Artist" betitelt huet, mat de Wierder kommentéiert: "Ech hunn dem Maurizio Cattelan seng Konscht gär, an ech hunn dës Installatioun wierklech gär. Se ass delikat."

Fir déi Responsabel vun der Galerie Perrotin war d'Aktioun n et weider dramatesch, d'Konschtwierk wier net zerstéiert. De Keefer hätt jo just den Authentizitéit-Zertifikat an d'Rechter fir d'Iddi kaf, d'Bananne selwer kann een austauschen.

Back to Top
CIM LOGO