Den Hariko war gebuer. Virun engem Joer hu si awer missen aus deem Gebai zu Bouneweg eraus, an hunn hir Dieren zu Esch opgemaach.
Vun dënschdes bis samschdes kënnen déi Jonk heihinner kommen, fir sech kënschtleresch oder musikalesch auszeliewen. Sief et eleng oder zesumme mat engem Artist an engem Workshop. 15 Stéck gi wärend de 5 Deeg an der Woch ofgehalen.
Vill vun den Artisten, déi déi Coursë ginn, hunn och sëlwer am Hariko hire klenge Raum fir sech. Dee kréie se gratis am Géigenzuch dofir, dass se de Jugendlechen zwee Workshoppe ginn. Et ass egal wéi eng Workshoppen et sinn, Haaptsaach et huet eppes mat Konscht oder Musek ze dinn. Dat geet vu Keramik, iwwer Graffiti- a Piano-Workshoppenn.
Dëst ënnerscheet den Hariko, dann och vun der Struktur vun engem typesche Jugendhaus. Hei geet et drëms, deenen Jonke Raum fir hir Kreativitéit ze loossen.