Kinotipp"King Richard" vum Reinaldo Marcus Green

RTL Lëtzebuerg
D'Serena an d'Venus Williams gehéieren zu de beschten Tennisspillerinne weltwäit.

Wéi si et ënnert dem onermiddlechen Asaz vun hirem Papp un d’Spëtz vun der Tenniselitt gepackt hunn, ass eng Geschicht, déi Hollywoodräif ass an déi ënnert dem Titel “King Richard” verfilmt gouf. An der Haaptroll ass de fréiere “Prince of Belair”, Will Smith ze gesinn.

De Richard Williams ass en afroamerikanesche Familljepapp, deen nuets iwwer schafft an daagsiwwer alles dru setzt, fir dee Plang, deen hie fir seng Duechteren ausgemoolt huet, an d’Realitéit ëmzesetzen. Hie wëll aus sengen zwee jéngste Meedercher Venus a Serena international Tennisstare maachen an drillt si deemno Dag an, Dag aus, bei schéinem a bei schlechtem Wierder um Tennisterrain. Ugedriwwe vun engem onermiddleche Wëllen an enger fermer Ambitioun, dem sozialen Determinismus ze entkommen, wäert hie seng Duechteren zum Aushängeschëld vum Fraentennis maachen.

“King Richard” ass op enger wouerer Geschicht baséiert. D’Geschwëster Williams sinn hei esouguer Co-Produzente vum Film. Trotzdeem ass dësen typesche Sportsdrama, dee vu senger narrativer Struktur hir staark un d’Rocky-Filmer erënnert, en dach relativ nuancéierte Portrait vun engem Papp, dee vun deenen engen ausgelaacht gëtt, vun deenen anere verdrängt gëtt an dee seng Duechtere striizt bis säin eegenen Dram an Erfëllung geet.

E ganz zolitte Casting gëtt hei ugefouert vun engem iwwerzeegende Will Smith, dee wéi gewinnt sympathesch eriwwerkënnt an deemno aus dësem, dach äusserst antipatheschem Personnage, e Protagonist mécht, dee schlussendlech gutt eriwwerkënnt.

Gelongen Tennissequenzen droen dann och dozou bäi, datt “King Richard” e matrappenden a ganz emotionale Sportsdrama ass, an deem een als Spectateur d’Haaptprotagonisten ëmmer nees wëll uféieren.

Back to Top
CIM LOGO