
Mir huelen Iech mat op eng kleng Rees uechter d'Land a weisen Iech déi verstoppte Muséeën. Ugefaange mam Brennereimusée zu Kielen an de Musée A Possen zu Bech-Klengmaacher.
Zu Kielen gi schonn zanter Generatiounen um Haff vun der Famill Adam Drëppe gebrannt. De Jean Adam huet am Joer 1907 eng vun deene modernste Brennereien op sengem Bauerenhaff opgestallt an huet do, Joer fir Joer, d'Uebst aus senge Bongerte verschafft, fir eng gutt Drëpp ze brennen. No an no huet säi Bouf, de Robert Adam, d'Brennerei an den Haff iwwerholl an esou d'Traditioun weidergefouert. Elo huet hie Chance, seng Schnauer d’Caroline deelt seng Passioun an ass elo eng vun zwou Fraen hei am Land, déi Drëppe brennt.

Hei kann een awer net nëmme schmaachen, ma et gëtt vill ze kucken. Fir d'100-Joresfeier vun der Brennerei huet d'Famill eng kleng Ausstellung op d'Bee gestallt a gebuer war e Musée, wou bis haut ëmmer nees nei Stécker dobäikommen. Sief et al Drëppeglieser, Maschinne vu fréier oder och nach Grammophonen. Ëmmer Freidegmëttes huet de Musée seng Dieren op an op Nofro ginn och Féierunge fir ganz Gruppen organiséiert.
Hei fënnt een alles aus enger laang vergiessen Zäit, grad wéi op der Musel am Musée A Possen.

D’Haaptattraktioun aus dem Musée ass dat aalt Possenhaus. A Possen heescht ëmgangssproochlech bei der Famill Post Doheem. An zanter, dass d'Famill Post net méi do wunnt, ass dëst Haus ee Musée. 100 Joer ass dat hier an zanterdeem gouf näischt dru geännert. Déi schwaarz Kichen ass d’Häerzstéck vum Haus. Hei hänkt nach eng Ham, déi iwwer 40 Joer huet a sou munch aner Utensilien.
Mä dat ass awer nach net alles, wat de Musée ze bidden huet. Hei kann een och eng Rees zeréck a seng Kandheet maachen. Op 2 Stäck fënnt een hei eng ganz Kollektioun un ale Spillsaachen, vu Petzien iwwer Poppen a Flipperen. De Musée ass all Dag op vun 11 bis 18 Auer (ausser méindes).
