
De Begrëff “Klimahysterie” huet sech géint 397 aner Virschléi duerchgesat an ass domat d’Onwuert vum Joer 2019. Virun allem vun AfD-Politiker gouf de Begrëff am Laf vun hirer politescher Debatt ëmmer nees benotzt.
Mat dem Wuert “Klimahysterie” géingen d’Beméiunge fir de Klimaschutz an d’Klimabeweegungen diffaméiert an diskreditéiert ginn, erkläert e Jury vu Sproochwëssenschaftler vun der Technischen Universität Darmstadt.
Dat Joer virdru gouf sech fir “Sozialtourismus” entscheet an 2017 war et “Opfer-Abo”.