Deemno setzt sech dës ASBL schonn iwwert e Joerhonnert fir d’Konscht an hir Entwécklung zu Lëtzebuerg an a versicht dës méi bekannt ze maachen an och virunzedreiwen.
Dëst Joer geet een dofir op ganz néi Weeër. Net nëmmen gëtt lo nieft dem traditionellen Hierschtsalon och een am Fréijoer organiséiert, ma fir dës éischt Editioun, déi Mëtt Mäerz usteet, huet ee sech och méi opgemaach a wëll nei Akzenter setzen. Op dëser Première vun der Fréijoersexpo fënnt een nämlech nieft de CAL-Kënschtler och Nowuesstalenter an eng éischt Kéier och Art-Brut vu Kënschtler aus “Ateliers protegés”. Eng 200 Wierker gëtt et z’entdecke vu ronn 75 Konschtschafenden. Eventuell Differenze sinn hei eng Stäerkt, eng kierperlech oder geeschteg Aschränkung keen Obstakel. Hei soll Konscht verbannen a Brécke schloen. An enger éischter Phas tëscht de Kënschtler an dono och mam Public.
Curateur Roland Herrmann: “Wann een Inclusioun richteg mécht, schwätzt een net méi driwwer(...)”

Am Reportage si mir mat hannert d’Kulissen kucke gaange, dorënner an den Dadofonic op Bartreng a bei cooperationsART op Wolz, wou sech äifreg fir d’Expo preparéiert gëtt. Zum Projet zielen och Renconteren tëscht den Artisten ënnerteneen, dat esouwuel iwwert gemeinsam Konschtwierker, déi geschaaft goufen oder e Kenneléieren an Austauschen iwwert d’Passioun, déi een deelt.
D’Thema ass spannend, op der Ausstellung kann ee gesinn, wéi all eenzelen Artist de “FAUX PAS” interpretéiert.
D’Expo mécht den 12 Mäerz hir Dieren op an dat bis den 20. am Tramsschapp um Lampertsbierg.