Ma genau dat gesäit een den Ament am Cercle Cité an der Stad.
An der neier Expo mam Titel – Bijoux d’artistes, de Picasso à Koons - kritt een e ganz exklusiven Abléck an dem Diane Venet hir Schmock-Kollektioun.
Picasso, Koons, Dali, Niki de Saint Phalle , Man Ray an Wim Delvoye, dat sinn just e puer Nimm aus dem Diane Venet hirer Schmock-Kollektioun. Zënter iwwer 30 Joer sammelt si schonn dës eenzegaarteg Bijouen. Am Ganzen huet si mëttlerweil ëm di 220 Braceleten, Réng, Ketten an Ouerréng vu bekannte Artisten. Ma alles huet mat hirem Mann, deen och Kënschtler ass, dem Bernar Venet ugefaangen.
D’Ausstellung ass eng Zäitrees duerch d’Konschtgeschicht an illustréiert unhand vun de Bijouen, déi verschidde Konschtrichtungen. Vun den Avant-gardisten bis haut - an dobäi erkennt ee gutt déi eenzel Handschrëften.
D’Diane Venet huet iwwert di lescht Joerzéngten och vill vun de Kënschtler selwer kennegeléiert. D’Bijoue waren also oft Commanden an esou huet och all eenzel Bijou seng eege Geschicht. Dem Diane Venet ass et wichteg, hir Miniatur-Konschtwierker mam breede Public ze deelen, well schlussendlech ass et wéi e Musée, deen een undoe kann.