
D’Kulturjoer huet an de leschte Joer allerdéngs net nëmme fir positiv Schlagzeile gesuergt a vu ville Säite gouf et ëmmer erëm ferm Kritik. Kriticken déi der artistescher Direktesch vun Esch2022 no awer net aussergewéinlech oder verwonnerlech wieren. Dat wier bei allen europäesche Kulturhaaptstied esou.
E Samschdeg ass wéi gesot um Belval an zu Esch déi grouss Ouverture vun der europäescher Kulturhaaptstad.
Méi doriwwer a wat soss alles fir Esch2022 geplangt ass kënnt der am Kultur-Podcast lauschteren.