
E Méindeg ass de Chris Rea am Alter vu 74 Joer gestuerwen. Wéi e Spriecher vun der Famill der BBC matgedeelt huet, wier hien “no kuerzer Krankheet friddlech am Spidol am Krees vu senger Famill gestuerwen”.
De brittesche Sänger, bekannt fir seng rau Stëmm, huet 1988 mat sengem Lidd “Driving Home for Christmas” eent vun de beléiftste Lidder fir d’Zäit ëm Chrëschtdag geschriwwen. Aner bekannt Wierker sinn ënner anerem “On the Beach”, “Julia”, Josephine”, Auberge” oder och “Fool”, mat deem him 1978 säin éischten internationalen Hit gelonge war. E puer Mol a sengem Liewe war de Rea schwéier krank. 2001 gouf bei him Bauchspeicheldrüse-Kriibs diagnostizéiert an 2016 hat hien en Hiereschlag erlidden.
De Chris Rea huet a senger Karriär och e puer Concerten hei zu Lëtzebuerg gespillt. Hei e Video vun sengem Optrëtt den 10. Mäerz 2012 an der Rockhal.
De brittesche Museker a Komponist war vun iresch-italieenescher Ofstamung an dat véiert vu siwe Kanner. Säin italieenesche Papp Camillo Rea war e regionale Glacëproduzent. Mat 13 huet de Christopher Rea ugefaangen am Familljebetrib ze schaffen, an huet sech als Autodidakt an all fräier Minutt d’Gittarspille selwer bäibruecht. Obwuel hie Lénkshänner war, huet hien d’Gittar awer riets gespillt.
1975 koumen éischt Succèse mat klenge Gruppen, éiert hie 1977 seng Solokarriär gestart hat. Am Ganzen huet de Chris Rea duerno 26 Studioalbumen erausbruecht a méi wéi 30 Millioune Placke verkaaft. Privat war hie mat senger Frëndin aus Jugendzäite bestuet. Si waren Eltere vun den zwou Duechteren Josephine an Julia. Fir net ze laang vun der Famill getrennt ze sinn, huet de Rea op Tournéeën duerch d’USA verzicht. Nieft der Musek huet hie sech fir Molerei interesséiert a war leidenschaftleche Fan vun historesche Gefierer an Autoscourssen.