Nieft Limitatiounen an de Kinos- an Theatersäll, muss och de Mask wärend der ganzer Seance ubleiwen. De Kultursecteur wier trotz Mesuren awer prett, de Public nees ze empfänken.
An engem Sall, ob elo Kino, Concert oder Theater, dierfe just bis zu 100 Leit zesumme kommen. Dëst natierlech just mat Mask. Beienee sëtzen dierfe just Leit aus dem selwechte Stot. Soss gëllt Distanz vun op d’mannst 2 Meter. Ouni d’Restriktiounen dierfe just professionell Acteure prouwen. Fir d’Amateure gëllt ofhängeg vun der Gréisst vum Grupp eng Maskeflicht souwéi d’Anhale vun den Distanzen (méi wéi 4 Persounen). Bei engem Grupp vun iwwer 10 Leit mussen d’Amateuren dann och fest Sëtzplazen hunn.
“Donieft ass et dann sou, dass fir d’Muséeën, Bibliothéiken an d’Archiven, do gëllen da Restriktiounen, wann een zirkuléiert. Déi solle sech eben och un déi Metercarré-Zuelen orientéieren, déi fir de Commerce gëllen. Visites guidées si méiglech bis zu 10 Leit mat Mask, mat Distanz tëschent deene Leit, déi net beienee wunnen.”
Dat gëllt besonnesch fir Museksveräiner, Theatergruppen oder de Chouer. Net betraff si Museksschoulen, déi stinn ënnert der Kompetenz vum Educatiounsministère.
De Verkaf an d’Consomatioun vun Iessen a Gedrénks ass awer net erlaabt. Och wann een elo erëm kulturell Offere géif ubidden, dierft de Covid net vergiess ginn. Dass de Public aus Angscht doheem bleift, gëtt awer net gefaart.
“Nawell ass et esou, dass wou mer am September d’Theateren erëm grouss opgemaach hunn, mat de Restriktiounen, déi gegollt hunn, do war e ganz groussen Undrang. Et sinn natierlech Limitatiounen, et ware manner Plazen disponibel, mä déi waren awer séier fort bei deene meeschte Produktiounen, sou dass ech scho mengen ze spieren, dass d’Leit Loscht hunn, awer erëm Theater oder Concerte lauschteren ze goen.”
De Kultursecteur ass ënnert deene Beräicher, déi wärend der ganzer Pandemie am meeschten zou waren. Deementspriechend hätt de Secteur vill gelidden.
“Et ass e Secteur, dee schonn ekonomesch ganz vulnerabel ass. Wann ech elo d’Kulturschafend huelen, dat si ganz vill Leit, déi vu Projet zu Projet schaffen, déi kee feste Revenu hunn. A wann natierlech e Projet wechfält an nach e Projet, dann ass kee Revenu méi do an dofir sinn déi Aiden, déi de Ministère ubitt. Dofir hu mir déi och vereinfacht a verstäerkt. “
Fir déi Leit am Intermittent oder Artiste-Statut wier d’Situatioun den Ament eng schwiereg, betount d’Ministesch nach eng Kéier. D’Konditiounen, fir esou e Statut ze kréien, wieren déi lescht Méint och vereinfacht ginn. Fir onofhängeg an haaptberufflech Kënschtler gëtt et bis den 28. Februar eng Hëllef an der héicht vum qualifizéierte Mindestloun. Fir 29 Kulturhaiser an Institutiounen zu Lëtzebuerg ginn et am Kader vum Hëllefspak „Neistart” Hëllefen am Wäert vu knapp 1,5 Milliounen Euro.
Nieft der finanzieller Hëllef, déi Artisten a kulturell Haiser ufroe kënnen, huet de Kulturministère eng Partie Projeten ënnerstëtzt. Sou konnte Kënschtler fir eng Iwwergangszäit a Kulturhaiser agestallt ginn. Dëst huet hinnen Aarbecht wéi och e Revenu verschaaft.
RTL-Artikel: Den 13. Januar ginn d’Kinoen zu Lëtzebuerg nees op