Europäeschen DanzconcoursLeidenschaft fir den Danz am Neien Theater

RTL Lëtzebuerg
Fir déi zweete Kéier war dëse Weekend zu Lëtzebuerg den europäeschen Danzconcours.
Leidenschaft fir den Danz am Neien Theater
Fir déi zweete Kéier war dëse Weekend zu Lëtzebuerg den europäeschen Danzconcours.

Um Sonndeg hunn déi pré-professionell Dänzer an Dänzerinnen hiert Kënnen engem Jury gewisen.
Hannert dëse Schrëtt stécht vill Aarbecht an Leidenschaft. Déi klassesch, ewéi och déi zäitgenëssesch Dänzer weisen hiert Kënne bei engem ëffentleche Cours op der Bühn. D’Opreegung ënnert de Participante ass grouss.

Léna, danzt fir déi zweete Kéier am Neien Theater

Esou en ëffentleche Cours ass e bësse wéi wann mer bei eis am Studio géifen danzen, an awer ass en Jury do, dat heescht, ee muss ee ganz propper danzen a gutt oppassen.

Antonio, wéilt gäre Profi-Dänzer ginn

Et muss ee beweisen, wat ee geléiert huet. Dat gëtt mir dann och vill Satisfaktioun. Mir sinn zwar hei all Konkurrenten, mee dat ass flott, well et schléisst een och ëmmer nei Frëndschaften. Et ass wierklech eng gutt Ambiance.

Dorléans, war scho bei anere Concoursen dobäi

Et ass immens vill Opreegung, well ee bei engem Concours weess, dass ëmmer een nokuckt. Dat hëlleft awer och, fir besser ze ginn, well mir mussen op alles oppassen a konzentréiert sinn. Et weess een, dass de Jury alles kritesch observéiert.

Déi jonk Participante ginn haut vum Floriane Blitz begleet. Si war Profi-Dänzerin a presentéiert fir d’Competitioun am klasseschen Danz d’Choreographie. Ma och wa si mat de jonken Dänzer op der Bühn steet, dierf si d’Figuren net wéi bei engem klassesche Cours verbesseren.

Floriane BLITZ, Ex-Profidänzerin a Choreographin

Ech hëllefen hinne mat der Stëmm an dann ass natierlech och d’Musek do, déi och eng Hëllef ass. Mee ech dierf si net verbesseren, well soss ass et jo keng Presentatioun méi fir e Jury.

Fir d’Bewäertung vum Jury spillen de musikaleschen an den emotionalen Aspekt, nieft der Technik, eng grouss Roll.

Den europäeschen Danzconcours ass nach nei zu Lëtzebuerg, ma awer wichteg fir den Danzsport hei am Land, erkläert Marie-Laure Neiseler, Presidentin CND Lëtzebuerg.

Marie-Laure Neiseler, Presidentin CND Lëtzebuerg
/

Ma fir de Nowuess wier et hei am Land net ëmmer ganz einfach, esou d‘Marie-Laure Neiseler.

Marie-Laure Neiseler, Presidentin CND Lëtzebuerg
/

Back to Top
CIM LOGO