De Mains de MaîtresLetitzia Romanini a Sandra Cifani sinn d’Gewënnerinnen

Isabelle Gillen
Ronn zwee Méint no der Biennale De Mains de Maîtres, war um Freidegowend an der Chambre des Métiers d’Präisiwwerreechung vum Jurypräis a vum Publikumspräis.
De Mains de Maîtres

67 Lëtzebuerger an 39 Kënschtler aus dem Gaaschtland Tschechien hu bei der 5. Editioun vun der Biennale de Mains de Maîtres matgemaach. Vum 20. bis 23. November 2025 gouf d’Handwierksfoire am fréiere Sëtz vun der Arbed op der Gare ofgehalen a konnt méi wéi 13.000 Visiteuren zielen. Aus 355 Konschtwierker vun insgesamt 106 Kënschtler a Kënschtlerinnen, déi 25 verschidden Handwierker representéiert hunn, goufen um Freidegowend zwou Gewënnerinnen ernannt.

De Prix du Jury, ausgewielt vun engem Jury aus verschiddene Konschtexperten, esou wéi der Grande-Duchesse Stéphanie, konnt d’Letitzia Romanini fir hir Wierker aus Stréi gewannen. D’Kënschtlerin huet d’Stréi-Marketerei virun dräi Joer zu Paräis geléiert. Si gouf virun allem dofir gelueft, dass si mat hiren Aarbechten en aalt a quasi vergiessent Handwierk erëm zum Liewen erwächt.

Den “RTL Prix du Public” konnt dogéint, déi Lëtzebuerger Bijoutière Sandra Cifani gewannen. Wärend der Ausstellung am November konnt de Public iwwer RTL fir säi Favorit ofstëmmen an d’Majoritéit vun de Stëmme goung deemno un d’Sandra Cifani. Si stellt zanter méi, wéi 20 Joer hir eege Schmuckkreatiounen hier a war natierlech och immens houfreg op de Gewënn.

Déi 6. Editioun vun der Biennale De Mains de Maîtres wäert dann am Joer 2027 sinn.

Weider Detailer fannt Dir am Communiqué de Presse.

Back to Top
CIM LOGO