Tomorrowland 2026Lëtzebuerg ass erëm dobäi

Bob Konsbruck
Sou wéi d'lescht Joer mam OGAZON an NOSI, an 2026 och mat Techno aus dem Grand-Duché vun NETTY HUGO.
© Dan Wiroth

Tomorrowland 2025 bleift net nëmme wéinst dem Feier op der grousser Bün an Erënnerung, d’lescht Joer waren och zwee Artiste vu Lëtzebuerg zu Boom an der Belsch dobäi; d’OGAZON an den NOSI, déi dann och dëst Joer Deel vun der Programmatioun sinn. Haut sinn éischt Detailer vum Line-Up fir dëst Joer bekannt ginn an do gëtt et déi erfreelech Nouvelle, datt och 2026 Lëtzebuerg um Tomorrowland dobäi ass. D’Party an der Belsch ass dëst Joer vum 17. bis den 19. Juli a vum 24. bis de 26. Juli ënnert dem Thema The World of Consciencia.

© Netty Hugo

Den Duo Netty Hugo ass schonn iwwer 20 Joer an der nationaler, grad ewéi internationaler Techno-Zeen am Asaz. Op sëllegen Technopartyen hei am Land awer och op grousse Rendez-vousen am Ausland, wéi zum Beispill Nature One oder Ruhr in Love hunn de Mark Netty an den Hugo HP, hir Passioun vum Techno mat de Leit gedeelt. Hir Musek gëtt vun unerkannte Labels a renomméierten DJen op der ganzer Welt geschat a virun allem och gespillt.

Donieft huet den Duo och en eegene Label mat deem déi zwee probéieren nei Talenter am Techno z’entdecken an ze fërderen.

Sou wéi d’lescht Joer sinn och d’OGAZON an den NOSI mat dobäi: déi dräi Lëtzebuerger Acts spillen alleguer um zweete Weekend, vum 24. bis de 26. Juli zu Boom an der Belsch.

Da wäerte mir och dëst Joer vill Fändele mam Roude Léiw um Tomorrowland gesinn. Hei e puer Fotoe vum leschte Joer:

Back to Top
CIM LOGO