
Nodeems den JJ mat “Wasted Love” zu Basel gewonnen huet, ass den ESC dann 2026 an Éisträich. Verschidde Stied, dorënner Wien an Innsbruck, mee och Oberwart a Wells hunn direkt Interessie ugemellt, fir d’Evenement Mëtt Mee 2026 auszedroen. De Choix vun der Stad soll den 8. August bekannt ginn.
D’Rekord-Editioun 2025 vum Eurovision Song Contest ass vun 166 Millioune Leit op der Tëlee gekuckt ginn. No de remarkabele Performancë vum Tali a vum Laura Thorn geet d’Sich nom nächste Vertrieder fir Lëtzebuerg op der grousser Eurovisiounsbün domat geschwënn nees lass.
De Choix vum Lidd, dat de Grand-Duché 2026 representéiert, wäert och dëst Joer nees iwwer eng national Selektioun an der Rockhal lafen - de Luxembourg Song Contest, dee vun RTL organiséiert an diffuséiert gëtt.
D’Konditiounen, fir sech als Kandidat ze mellen, ginn an deenen nächste Woche bekannt.