La Cache, Reflet dans un diamant mort an TimestampLëtzebuerg mat 5 Koproduktiounen op Berlinale representéiert

RTL Lëtzebuerg
Ganzer fënnef Filmer Lëtzebuerger Bedeelegung sinn dëst Joer bei der 75. Editioun vum Internationale Filmfestival zu Berlin dobäi.
D'Sophie Mousel am Film Der Kuss des Grashüpfers
D’Sophie Mousel am Film Der Kuss des Grashüpfers
© Borris Kehl

D’Filmer La Cache, Reflet dans un diamant mort an Timestamp goufen, wéi de Lëtzebuerger Filmfong matdeelt, fir déi offiziell Kompetitioun ausgewielt, wärend Confidente an Der Kuss des Grashüpfers an de Sektioune Panorama respektiv Forum vertruede sinn.

Dernieft ass d’Lëtzebuergerin Vicky Krieps am de Film Hot Milk vertrueden an d’Désirée Nosbusch féiert als Maîtresse de cérémonie zu Berlin duerch déi 75. Editioun vun der Berlinale, déi vum 13. bis den 23. Februar geet.

De Film La Cache, bei deem de Schwäizer Lionel Baier Regie gefouert huet, ass eng Koproduktioun tëscht Lëtzebuerg (Red Lion), der Schwäiz a Frankräich. Den Acteur Michel Blanc, deen am Oktober zejoert gestuerwen ass, hat seng lescht Roll am Film.

La Cache
La Cache
© Véronique Kolber

Reflet dans un diamont ass eng Koproduktioun vun der Lëtzebuerger Produktiounsfirma Les Filmes Fauves, der Belsch, Italien a Frankräich.

Reflet dans un diamont mort
Reflet dans un diamont mort
© Dossier de presse / Film Fund Luxembourg

Timestamp vun der ukrainescher Regisseurin Kateryna Gornostai ass eng Koproduktioun tëscht Lëtzebuerg (a_BAHN), der Ukrain, Holland a Frankräich.

Timestamp
Timestamp
© Dossier de presse / Film Fund Luxembourg

De Film Confidente, deen an der Kategorie Panorama selektionéiert gouf, ass eng Koproduktioun vun der Lëtzebuerger Firma BIDIBUL PRODUCTIONS, Frankräich an der Tierkei. Regie gefouert huet déi tierkesch-franséisch Koppel Çağla Zencirci a Guillaume Giovanetti.

Confidente
Confidente
© 4BIS

Beim Film Der Kuss des Grashüpfers an der Kategorie Forum huet ënnert anerem och d’Lëtzebuerger Actrice Sophie Mousel matgespillt, den Elmar Imanov huet Regie gefouert. D’Koproduktioun ass vun der Firma WADY FILMS aus dem Grand-Duché, Däitschland an Italien.

Timestamp
Timestamp
© Dossier de presse / Film Fund Luxembourg

Link: Dat ganzt Schreiwes zu de Koproduktiounen op der Berlinale fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO