"Cartoon Movie"Lëtzebuerger Animatiounsfilmer am Mëttelpunkt

RTL Lëtzebuerg
Zu Bordeaux hu sech d’lescht Woch Produzenten, Investisseuren, Distributeuren an Agenten aus dem Animatiounsfilm-Beräich getraff, fir sech auszetauschen.
Lëtzebuerger Animatiounsfilmer am Mëttelpunkt
Zu Bordeaux hu sech d’lescht Woch Produzenten, Investisseuren, Distributeuren an Agenten aus dem Animatiounsfilm-Beräich getraff, fir sech auszetauschen.

Dorënner waren dës Kéier och vill Lëtzebuerger. De Grand-Duché war nämlech dëst Joer d’Gaaschtland um Forum.

Dofir goufen och d’Lëtzebuerger Co-Produktiounen „Molesworth“ an „Ooops! The Adventure continues…” hei an engem Pitch virum Fachpublic virgestallt.

Nieft dem Filmfong an 8 Lëtzebuerger Produktiounsfirme waren awer och 6 Studente vum BTS Dessin d‘animation aus dem Arts et Métiers op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO