Hie war ënnert anerem ee vun den Auteure vun den RTL-Produktiounen Hoppen Théid a Schmit Happens. Donieft huet de Guy Wagner och eng Rei Theaterstécker geschriwwen.
*Net ze verwiessele mam Lëtzebuerger Schrëftsteller Guy Wagner, deen 2016 verscheet ass an eng Rei fiktionaliséiert Museker- a Kënschtlerbiographië verfaasst huet. Dorënner d’Kuerzgeschicht “Der Herr und der Meister” iwwert de Mozart, de Schubert-Roman “Winterreise” an de Roman"Die Heimkehr” iwwert de Gustav Mahler.