Luxembourg City Film FestivalLëtzebuerger Co-Produktioun a Lëscht vun Dokumentarfilmer dobäi

RTL Lëtzebuerg
127 Filmer sinn am Kader vum Luxembourg City Film Festival ze gesinn.
Luxembourg City Film Festival - Dokumentarfilmer
127 Filmer sinn am Kader vum Luxembourg City Film Festival ze gesinn.

Nieft der offizieller Kompetitioun vu Fiktiounsfilmer an enger sëllege Spezial-Seancë vun internationalen a Lëtzebuerger Filmer si 6 Produktiounen an der Course ëm de Präis vum beschten Dokumentarfilm. An der Lëscht vun dësen Dokumentarfilmer ass dann och eng Lëtzebuergesch Co-Produktioun vertrueden.

“Collectiv” heescht déi lëtzebuergesch-rumänesch Co-Produktioun, déi op de Spuere vu Journalisten ass, déi no engem Feier mat gravéierende Konsequenzen an der Disco mam Numm Collectiv e ganze Reseau vu Korruptioun an der rumänescher Regierung opdeckt. Dëse spannenden, politesch wichtegen an extrem gutt konzipéierten Dokumentarfilm ass vu Samsa Film produzéiert a vum Alexander Nanau realiséiert.

Am mexikanesche Film “Midnight Family” dréit sech och alles ëm e Gesondheetssystem, dee versot. De Realisateur Luke Lorentzen suivéiert hei eng eng Famill, déi eng illegal Privat-Ambulanz bedreift an domat fir hiert Iwwerliewen, ma och fir dat vun hire Patiente kämpft.

Fräiheet an déi amerikanesch Ideologie stinn am Zentrum vun “The American Sector”. Hei ginn d’Courtney Stephens an de Pacho Velez op d’Spuere vun de Ruine vun der Berliner Mauer, déi op 75 Plazen uechter Amerika verstreet sinn.

Ëm modern Sklaverei geet et am philippinnesche Film “Overseas”, wou Frae sech op skurril Manéier drop virbereeden, hir Famill ze verloossen, fir an d’Ausland als Déngschtmeedche schaffen ze goen.

Zwou Teenagerinne sinn d’Haaptprotagonistinnen am franséische Film “ADOLESCENTES” vum Sébastien Liefshitz, deen iwwert eng Dauer vu 5 Joer den Alldag vun 2 Lycéesschülerinne suivéiert huet.

“143, rue du désert” erméiglecht eng Rees matten an déi algeresch Sahara. Wäit vun allem ewech sammelt d’Besëtzerin vun engem klenge Café d’Liewensgeschichte vu Reesender, déi Iessen, eng Zigarett oder Rou bei si siche kommen.

E Jury vu 5 Professionellen, déi fir renomméiert Film-Festivallen uechter d’Welt schaffen, wäert ënnert dëse 6 ganz verschiddenen Dokumentarfilmer e Gewënner den 13. Mäerz annoncéieren.

Back to Top
CIM LOGO