10 Deeg laang ginn dann iwwerall an der Stad ausgewielte Filmer a verschiddene Kinoe gewisen. Esou och de Film “Der Passfälscher”.
D’Lëtzebuerger Produktiounsfirma Amour Fou huet dee mat produzéiert an d’Hallschent vum Film ass och am Grand-Duché gefilmt ginn. Ënner anerem ass an de Kasematten, am Minette-Park an am Kolpecher Schlass gefilmt ginn.
D’Bady Minck vun Amour Fou huet de Casting fir Lëtzebuerg gemaach. Normalerweis géifen an esou engem Fall 7 bis 8 Schauspiller geholl gi vun 20, déi si virschléit. Dës Kéier si si awer allen 20 geholl ginn. Nom Schnëtt sinn nach 19 Lëtzebuerger Acteuren am Film ze gesinn. Den 13. Februar war dunn déi grouss Weltpremière fir de grousse Public.
Wann esou ee Film op engem vun de grousse Filmfestivaller leeft, mécht dat ee groussen Ënnerscheed, op duerno iwwert ee Film geschwat gëtt oder net. Dat beaflosst dann duerno och, ob e vun Distributeuren ugeholl gëtt an a wéi ville Länner en duerno verkaaft gëtt.
Ee Bonus wär et dann och nach, wann en net just op engem Filmfestival leeft, mee och nach an enger Kategorie wéi der Berlin Special Gala nominéiert ass.